Am August 2013 hu mir als Verwaltungsrot vun AHA eis Fuerderungen an engem oppene Bréif un d’politesch Parteie geschéckt (cf. www.aha.lu). Déi 6 konkret Fuerderunge goufen a Form vun engem zweesproochegen Flyer kompakt duergestallt, deen dësem Bréif bäiläit.

Och wann AHA keng Wahlempfehlung mécht, sou hu mir als Verwaltungsrot fir eis Memberen awer d’Wahlprogrammer vun deenen 9 Parteien op Basis vun deene 6 Fuerderungen ënnersicht. D’Resultater vun där Analyse fannt dir am Tableau hei drënner. 

Ze preziséieren ass, dass mir nëmmen eis 6 Fuerderunge fir d’Wahlen 2013 berücksichtegt hunn fir d’Evaluatioun ze maachen. Dat heescht also net, datt d’Parteien net vläicht nach aner interessant Iddien haten, déi och am Sënn vun AHA wieren. 

Ervirzehiewen wier do sécherlech d’Propos vun der DP, dass déi ganz Kierchefinanzen engem Audit missten ënnerworf ginn. Dëst géing der Gesellschaft een Abléck ginn wéi vill Gelder a virun allem Terrainen an Immobilien do gelagert ginn. 

D’Propos vun der CSV, am Secondaire ee gemeinsame Wäerteunterricht anzeféieren, geet eis net duer fir e Punkt ze verginn, well eiser Meenung no d’Ofschafe vum Reliounsunterricht am Fondamental (fréiere Primaire) am wichtegsten ass. Do leeft déi reliéis Indoktrinatioun op Héichtouren, an d’CSV hält dorunner fest. 

Mir hoffen als Verwaltungsrot op Parteien an der nächster Regierung, déi méiglechst vill vun de Fuerderunge vun AHA berücksichtegen, an net nëmmen virun de Wahlen vun Trennung vu Kierch a Staat schwätzen, mee dat no de Wahlen dann och rapid ëmsetzen.

 

Nationalwahlen 2013

Di 6 konkret Fuerderungen vun AHA fir d’Wahlen vum 20. Oktober 2013 am Resumé: 

1. Fuerderung no engem a Punkto Reliounen neutralen also laizistesche Staat 
2. Autofinanzement vun de Reliounsgemeinschaften 
3. Net-reliéis Feieren 
3.1. Aféierung vun engem net-reliéis geprägten offiziellen Akt fir Nationalfeierdag 
3.2. Ausbauen vun zivilen Zeremonien 
4. Notzung / Ëmfunktionéierung vun eidelen Kierchegebeier fir aner Zwecker 
5. Ofschafe vum Reliounsunterrecht an Aféiere vun engem gemeinsame Wäerteunterrecht 


Analyse vun de Wahlprogrammer op Basis vun deene 6 AHA-Fuerderungen: 

Pro Fuerderung, di explizit am Wahlprogramm dra steet, krut eng Partei ee Punkt. Wat eng Partei also méi Punkten huet, ëm sou méi vun eise Fuerderungen huet se an hirem Wahlprogramm dran stoen.

2013-10-14 a 

Download:

2013-10-14_Courrier.pdf